• jhlslide-0001
  • jhlslide-0002
  • jhlslide-0009
  • jhlslide-0006
  • jhlslide-0011
  • jhlslide-0008
  • jhlslide-0007
  • jhlslide-0003
  • jhlslide-0005
  • jhlslide-0010
  • jhlslide-0013
  • jhlslide-0012
  • jhlslide-0004

MIR GINN AM REEN STOEN GELOOSS! ET GEET EIS ELO DUER!

MIR GINN AM REEN STOEN GELOOSS! ET GEET EIS ELO DUER!

Oft sinn ech lo schonn gefrot ginn, ob sech no mengem 1ten Bréif an verzweifelt ’en Appell un d’Politik, eis an der Krise ze hëllefen, eppes geännert huet?

 

D‘ Äntwert ass leider e kloren NEE!

Ech sinn entsat wei dem Bierger dobaussen verkaf gëtt, dass mir dach gehollef kruten an wéi déi ganz „Aiden Werbepolitik“ gefeiert gëtt !

D‘ Wourecht ass nämlech, dass an der Realitéit den Independant an d‘ Entreprise net ganz vill matkréien, vun deenen angeblechen Hëllefen an der „rosa rouder“ Aiden-Werbung vun där iwwerall geschwat gëtt.

 

Loosst mech iech mol e bëssen eppes aus eisem Liewen säit Mäerz 2020 erzielen.

De ganzen Handwierks-Secteur, d’ Commerce an net ze vergiessen den Horesca-Secteur huet sech verständnisvoll gewisen.

Fir d’ Gesondheet vun der Allgemengheet zu schützen, hunn mir eis Dieren deemools am Mäerz déi 1te Kéier zou gemaach.

HAND an HAND! Esou wei mir dat an EISER Welt gewinnt sinn, hunn mir ganz naiv geduecht, dass mir dat sécher, zesummen mat der Politik, schonn packen wäerten !

Mir hunn eis Rolllueden erofgelooss an hunn alles zeréck gelooss wat mir eis iwwer Joeren ganz haart erschafft an opgebaut hunn.

Mir sinn mat Angscht an Ongewëssheet Heem gefuer an eis Welt ass fir e Moment stoen bliwwen.

 

Hannert all Entreprise stécht e Mënsch.

E Mënsch den Joeren laang fir säin Betrib gelieft huet.

Dës Entreprise ass säin Dram, säin Wierk, seng Familljegeschicht an säin ganzen Stolz! All dëst hunn mir schonn deemools missten zeréck loossen an et war schrecklech !

Mee mir hunn Kampfgeescht an mir kennen #Solidaritéit ! 

Mir wëssen wat dat bedeit an dofir wossten mir : Wat muss sinn muss sinn! 

 

Hand an Hand!

Net schlecht hunn mir dunn awer gestaunt wéi mir gemierkt hunn, dass d‘ Solidaritéit just vun enger Säit koum!

Mir hunn eist Handwierk an domat eisen Job missten nidderleeën an et hëlleft keen EIS fir finanziell z’iwwerliewen?

Net nëmmen, dass mir matzen an eisen Existenzängschten vun engem Aarbechtsminister ëffentlech deplacéiert Remarquen am Fernseh kruten déi eis nach méi decouragéieren sollten an eis demonstréiert hunn wéi aleng mir an der Kris gelooss ginn.

Nee! Mir sinn och effektiv duerno am Reen stoen gelooss ginn an kruten tatsächlech bis haut nach kee Recht op Chômage partiel oder en Ersatzgehalt obwuel eis eist Handwierk an domat eisen Job verbueden ginn ass.

 

All Bierger hei am Land huet en Ersatzgehalt zegutt wann en net schaffen kann oder dierf.

Mee mir net!

Mir net? Wéi mir net ? 

Mir sinn dach och Mënschen ?

Jo! Déi mat breeden Schëlleren!

Mir HUNN effektiv an eisem Alldag breet Schëlleren, an mat deenen breeden Schëlleren hunn mir eis Entreprise an eis Employéen dëst ganzt Joer beschützt an bis elo duerch des Kris bruecht.

 

An wat hunn mir soss verbrach ?

Ausser, dass mir säit bal 1 Joer keng Nuecht méi duerchschloofen kennen, eis de Kapp zerbriechen wéi et weider geet,

Vill Iwwerleeungen an Suen an d’ Sécherheet vun eisen Clienten an eisem Personal gestach hunn,

All Dag mat Krankeschäiner, Quarantainen an eisen Planningen mussen jongléieren,

Moies den éischten um Dill sinn an Owes nach schaffen an iwwerleeën wann schonn all Mënsch roueg schléift!

 

Befeeler vun der Regierung op déi lescht Minutt kréien:

Lockdown! Op zou, op zou ....

Sëllechen Rdv‘en ofsoen, Clienten à distance encadréieren, Employéen de Chômage partiel erklären, Clienten rëm uruffen. Reklamm maachen, dass mir rëm do sinn. Personal motivéieren, alles organiséieren , nei Gesetzer duerchliesen, sëllechen Pabeieren ausfëllen an Zuelen nosichen goen fir dann festzestellen, dass een trotz Perten, duerch de Raster vun deenen clever gestrëckten Aiden fält an awer kee Su kritt.

 

Net ze schwätzen vun deenen Ängschten an der Roserei, déi een all Dag opfriessen!

An dann dat ganzt rëm vun vir un....

Mir sinn Mënschen, mir hunn Limitten!

Mir hunn e staarken Gerechtegkeetssënn an mir sinn net gewinnt net vir eis selwer kennen ze suergen.

All dat mëscht eis fäerdeg!

Mir hunn och Familljen mat Kanner déi och e Recht drop hunn beschützt ze ginn!

Mir sinn midd! Mir sinn um Enn!

An och déi breetsten Schëlleren briechen no an no zesummen!

 

An dat alles huet hei am Land nach ëmmer keen Salaire verdéngt wann engem den Job gekënnegt gëtt ??

Mir hunn mat eisem Entrepreneursgeescht ëmmer haart geschafft!

Sief dat nach déi Zäit als Employée wei och elo als Chef d’ Entreprise !

Mir hunn ëmmer eis sozial Laaschten bezuelt an als Independant bezuelen mir se nach duebel.

 

Et kann NET sinn, dass mir eis mussen gefalen loossen, ëffentlech gesot ze kréien dass mir mat eisen breede Schëlleren missten aleng eens ginn!

Et kann NET sinn dass mir duerno tatsächlech am Reen stoen gelooss ginn an dat nach no 10 Méint Kris!

Et kann NET sinn, dass mir eis Aktivitéit mat där mir eist Brout verdéngen ëmmer rëm verbueden kréien an dann awer keen Salaire de remplacement vum Staat ze gutt hunn !

All Mënsch hei am Land huet e Recht op e Mindestloun wann en net schaffen kann an ech widderhuelen mech:

 

Mir sinn och Mënschen!!

Et kann NET sinn, dass d‘ Regierung eis virschreift etlech Konditiounen z’erfëllen fir eng finanziell Hëllef ze kréien wann sie eis verbidde ze schaffen an domat eis Entreprise um Liewen ze erhalen!

Et kann NET sinn dass een bei finanziellen Hellefen komplett duerchfällt, well een sech getraut huet vun engem Joer op dat aanert méi Leit anzestellen an dann forcément och méi Einnahmen huet.

 

Et kann NET sinn, dass dobai just Einnahmen an net dei nei fix Käschten gekuckt ginn, déi sech dobai mat multiplizéiert hunn.

Et kann NET sinn dass d’ Regierung esou Spillschoulsrechnungen virschreift fir zu finanziellen Hëllefen zougelooss kennen ze ginn!

Et kann NET sinn dass hei am Land de Wuesstum , d’ Kreativitéit an d‘ Schaffen  bestrooft gëtt !

Et kann net sinn dass mir den Entrepreneursgeescht esou futti maachen!

Dëst an nach vill méi kann einfach net sinn!

 

 Trau dech hunn se gesot!

Maach dat hunn se gesot!

Dann bass du däin eegenen Chef hunn se gesot! 

Wann mir dir Dier zouspären kriss du awer kéng Paie,  hunn se NET gesot !!

 Et kascht wat et kascht hunn se gesot!

 

Et kascht dech däin Liewenswierk, hunn se NET gesot !

 

#Solidaritéit #HandanHand #RegierungleisteisamReenstoen

#etgeeteiseloduer!

 

Alexa Ballmann

Präsidentin Jonk Handwierk



Mir schaffenJong HandwierkHand an Hand

Adresse

2, circuit de la Foire Internationale
Luxembourg-Kirchberg
Adresse postale:
BP 1604
L-1016 Luxembourg

Follow us

 

Login