• jhlslide-0008
  • jhlslide-0002
  • jhlslide-0005
  • jhlslide-0003
  • jhlslide-0011
  • jhlslide-0007
  • jhlslide-0012
  • jhlslide-0013
  • jhlslide-0006
  • jhlslide-0009
  • jhlslide-0010
  • jhlslide-0004
  • jhlslide-0001

E Message vun der Presidentin vun deenen jonken Handwierker déi sech getraut hunn

jeudi, 16 avril 2020

E Message vun der Presidentin vun deenen jonken Handwierker déi sech getraut hunn

Laang waren mir roueg an gedëlleg an hunn ofgewaart wei eis Regierung eis jonk, déi sech dach sou couragéiert getraut hunn virun e puer Joer, an dëser, och vir eis onerwaartene Kris, géif opfänken.

Trau dech, maach dech selbststänneg krut an dëser Zäit eng ganz nei Bedeitung!

Well et muss een wierklech an Zukunft Courage hunn wann een weess dass wann et haart op haart kënnt, een alleng do steet.

Nach ni hunn mir couragéis Jonker eis esou machtlos an alleng gelooss gefillt wei an dëser Zäit.

Nach ni ass eis esou bewosst ginn wat mir dach vir eng besonnesch Spezies mussen sinn an wei ferm mir à l‘écart vun der Gesellschaft mussen stoen, hei am Land, fir net d ‘selwecht dierfen behandelt ze ginn.

Ech kann fir eis alleguer schwëtzen wann ech soen all Eenzelnen vun eis hat eemol en Dram. All Eenzelnen vun eis ass en Idealist an lieft fir seng Beruffung am Handwierk an genau dofir huet en sech och ouni ze zecken ganz naiv getraut an sech an d ‘Selbststännegkeet lancéiert.

Schnell ass em dunn bewosst ginn wat dat heescht. Et ass net ëmmer einfach, et ass all Dag eng nei Erausfuerderung. Et ass een vun engem Dag op den aneren ob eemol Mann oder Fra vir alles. Nëmmen deen den d ‘Schung vun engem Selbststännegen eng Kéier ugedoen huet an deen dësen oft stengegen Wee gelaf ass kann wëssen duerch wat een geet, bis dass een et, wann een ganz oft vill Courage an Duerchhalverméigen hat, „gepackt“ huet. Gepackt heescht sech och en Salaire erauszehuelen an sech och mol eppes gënnen ze dierfen fir déi vill Owesstonnen an Weekender wou en net bei senger Famill war an déi een mat Geld ni bezuelen kéint.

„Mir sinn dach all Idealisten an dat wëssen mir jo och“ soen ech ganz oft mat engem Laachen zu mengen jonken Kollegen an Kolleginnen aus dem Jonkhandwierk, eng Asbl fir déi Jonk Handwierker déi sech getraut hunn.

Gutt dass et esou Idealisten an Day-Dreamer mat vill Wuppes hannendrun nach ginn op dëser Welt well soss géing et keng Wirtschaft ginn an dat wier, wei mir all méi oder wéineger wëssen ganz schlecht vir d ‘Land.

Dass awer elo dës Idealisten déi sech eemol getraut hunn esou vergiess ginn an bal gestrooft ginn an enger Kris, virun engem Virus virun dem mir dach all gläich gestallt sinn, verstinn ech net. #solidarity?

Wochelaang zerbriechen ech mir lo schonn de Kapp, waarden of wat nach kënnt an probéieren et ze verstoen. Mee et ass net ze verstoen an witzeg fannen mir Idealisten et och lo net méi.

Ech giff jo gären schaffen an mäin Salaire selwer verdéngen. Mee ech dierf net sou wei all déi anerer de Moment. Mam groussen Ënnerscheed dass ech kee Salaire vum Staat ze gutt hunn? Vun Loft a Léiwt an eisem Idealismus kréien mir eis Famill awer leider och net erniert.

Ënnert mengen Kollegen a Kolleginnen sinn jonk Elteren déi och eng Famill hunn, déi och e Loyer an Rechnungen ze bezuelen hunn. Et sinn net „nëmmen“ Indépendant’en : Et sinn Mënschen ! Mënschen mat Famillen.

E Mënsch wei jiddereen den vill geschafft huet vir iwwerhaapt eng Paie ze hunn an se ass net ëmmer geséchert all Mount, dat brauchen mir jo lo op dëser Platz zu dëser Zäit hei net z’erklären.

Wei kann et dann sinn dass dëse jonke Mënsch, den sech getraut huet an deen esou vill geschafft an richteg Entscheedungen fir saïn Betrib an seng Employéen getraff huet, elo keen Salaire an dësen Deeg kritt?

A well en sech getraut huet méi wei 9 oder 10 Leit anzestellen och keng Aide méi ze gutt huet?

Wisou ass dëse jonke Mënsch net éligibel fir de Chômage partiell obwuel en och wéi all déi aner seng Soziallaaschten an Steieren all Mount bezilt? Wisou huet den net d ‘Recht op en Salaire wann en net schaffen kann well en net dierf.

Ech giff et gären erkläert kréien.

Well en sech sou wei ech mat 26 Joer getraut huet? Well en all Joer saïn haart erschafftene Bénéfice erëm an de Betrib gestach huet vir sech weider ze vergréisseren an domat ëmmer méi Aarbechtsplatzen geschaf huet? Well en all Joer ausgebilt huet an seng Léiermeedercher oder Léierbouwen dono och nach fest agestallt huet?

Ass dat de Grond, dass dee Mënsch elo als Kapitalist duer gestallt gëtt an den kee Su fir ze liewen zegutt huet an enger Zäit wou en net schaffen dierf?

Mir sinn et gewinnt alleng eens ze ginn. Mir sinn et gewinnt vill ze schaffen mee mir sinn net gewinnt, net schaffen ze dierfen an nawell alleng eens ze ginn. Esou breet Schëlleren huet kee Mënsch an esou funktionéiert de System vun der Selbststännegkeet net.

Et ass schonn laang e Wandel am Patronat geschitt, mir hunn vill em geduecht.

Mir Jonker haten et och net méi sou einfach wéi virun villen Joeren. Wei jiddereen weess, kënnen mir eis net eis eegen Halen oder Gebaier duerch déi exorbitant Präisser hei zu Lëtzebuerg leeschten.

Mir bezuelen all Mount Loyer an hunn vill Käschten pro Mount ze drohen déi een och an dëser Zäit net ëmmer einfach esou gestoppt kritt. Also bezuelen mir weider dass jiddereen seng Suen zur Zäit huet. Just mir bleiwen dobäi op der Streck. Wisou froen ech mech? Well ech zevill couragéis war? Hätt ech mech net sollen trauen? Hätt ech net souvill Aarbechtsplaze an Ausbildungsplazen sollen schaafen fir aaner Jonker?

Hat ech vläicht zevill breet Schëlleren?

Mir schätzen d ‘Leit déi bei eis schaffen an kommunizéieren vill mat hinnen. En aneren Choix hätten mir och net well Chef ass net deen vir deen en dobaussen sou kammoud duergestallt gëtt!

E Chef ass e Leader, een deen säin Team encadréiert an mat zitt an sech als Deel vum Team gesäit.

Mee eppes hunn mir Idealisten an dëser Kris batter missten léieren! Mir sinn net an dem Team! Mir sinn net gläich gestallt! Mir kënnen net zevill matginn, well wann et haart op haart kënnt dann brauchen mir eis Suen vir eis selwer. Eis ass méi dënn jee bewosst ginn dass mir mussen Réck Lagen schafen well wann et haart op haart kënnt dann sinn mir op eis selwer gestallt an dann kuckt och keen no eis.

Eis iwwerweist keen e Salaire.

Ass et dat wat mir erreechen wëllen ? Dass et de Patron‘en méi denn jee bewosst ginn ass dass se léiwer alles vir sech sollen halen vir wann schlecht Zäiten kommen? Dass hinnen bewosst ginn ass dass mir net all an engem Boot géingen setzen? Well mir, Indépendanten paddelen de Moment ganz alleng an eisem Boot an probéieren grad net ze ersaufen an bei dem ganzen Misère mussen mir eis nach ëffentlech trëppelen loossen.

An jo ! Et huet eis jonk Idealisten ferm getrëppelt wat mir op de sozialen Medien hunn missten liesen an eis op enger ëffentlecher Pressekonferenz hunn missten unhéieren !

Do freet sech dach den een oder aneren ënnert eis, déi och nach aner Méiglechkeeten hätten ob mir dach awer vläicht zevill Idealisten an dëser Welt sinn an eis net léiwer sollen an eis op sécher gepolten Gesellschaft areien an de Betrib mat all deenen Aabeschtsplaazen vläicht léiwer sollen opginn fir och an Zukunft e gesécherten Salaire ze hunn an als normalen Bierger behandelt ze ginn wann schwéier Zäiten kommen?

Ass et wierklech dat wat een erreechen wëll andeems een sou pauschal ëffentlech iwwert d‘Independant‘en geurdeelt huet?

Ass dat sënnvoll froen ech mech, jonk motivéiert Leit esou en Stouss vun Ongerechtegkeet ze ginn déi virun dëser Kris näischt falsch gemeet hunn ausser Dag vir Dag voller Tatendrang ze sinn an eppes erschaafe wollten.

Och als jonken Mënsch deen ganz breet Schëlleren huet muss ech soen, dass ech déi Impulsivitéit an „mam Kapp duerch d ‘Mauer“ Attitude ouni all Fakten ze kennen als net iwwerluecht astufen.

An der ganzer Zäit an der ech mäin Betrib, den mäin Liewen ass, hunn missten zou hunn an meng Équipe net konnt gesinn an an der ech op de sozialen Medien villes hunn missten liesen wat meng 9 Joer Schweesspärelen vun Selbststännegkeet ferm ugegraff huet an mäin Idealismus wei en Bungeesprong ouni Seel op de Buedem knallen gelooss huet, huet mech eppes extrem verletzt. Et huet mech verletzt ze gesinn wei onwëssend déi meeschten Leit dach sinn wat eisen Wee ugeet. Wei béis an wei séier dass mir Spezies vun Selbststännegen dach ofgestempelt ginn.

An dass e Minister den op mannst um Pabéier fir all Bierger do as, den Steen an d ‘Rullen bruecht huet an eis nach méi gespléckt huet fannen ech ganz traureg.

Dass net gesinn gëtt wéivill mir geschafft hunn an wéivill Courage et erfuedert huet vir aneren eng geregelt Aabeschtsplaaz ze erschafe mee just ugeholl gëtt, dass mir schrecklech vill verdéngen an als räichen oder aarmen Indépendant mussen agestuuft ginn, trëppelt mech extrem.

All Euro den en Indépendant verdéngt huet, huet sech haart erschafft. Et wier einfach just neidesch an ongerecht doriwwer ze uerteelen.

Jiddereen den doriwwer uerteelt ass invitéiert muer säin Talent z’entdecken an sech och selwer säin Salaire ze erschaffen.

Trau dech !

An gëff dono awer och w.e.g. selwer eens !

Dat kann ech haut engem als Rod mat op de Wee ginn no dëser Kris.

An der Hoffnung verschiddenen Leit konnten en Denkustouss ze ginn an meng heiteg Meenung kennen ze revidéieren fir all eis jonk déi sech nach trauen wëllen.

 

Alexa Ballmann
Präsidentin, Jonk Handwierk Lëtzebuerg



Mir schaffenJong HandwierkHand an Hand

Adresse

2, circuit de la Foire Internationale
Luxembourg-Kirchberg
Adresse postale:
BP 1604
L-1016 Luxembourg

Follow us

 

Login