• jhlslide-0001
  • jhlslide-0010
  • jhlslide-0011
  • jhlslide-0006
  • jhlslide-0004
  • jhlslide-0012
  • jhlslide-0013
  • jhlslide-0008
  • jhlslide-0007
  • jhlslide-0002
  • jhlslide-0005
  • jhlslide-0009
  • jhlslide-0003

Visite | Maroldt & De Kameinbauer

0
image-maroldt-0
Catégorie
JHL Events
Date
2025-08-21 08:20
Lieu
5, rue Kalchesbruck, L-1852 Lëtzebuerg - 5, rue Kalchesbruck, L-1852 Lëtzebuerg
An der Zäit vum Baucongé geet d’Jonk Handwierk dann op d’Kalchesbréck hannert d’Kulisse vum 1.200 m² Showroom vu Maroldt & De Kameinbauer kucken. Maroldt ass e Familljebetrib, mat Wuerzele bis an d’Joer 1902, deen zanter méi wéi engem Joerhonnert säin handwierkleche Knowhow weidergëtt. Haut schafft schonn déi 5. Generatioun – Papp, Bouf an Duechter – Hand an Hand zesummen. Si si spezialiséiert op komplett Buedzëmmerléisungen an offréieren eng grouss Auswiel u Plättercher, Sanitär, Baumaterial, Wellnessprodukter, Dieren, Parkett, Baumaterialien an alles fir den Ausseberäich. D’Stäerkte vum 150 Mann Betrib leien an engem perséinleche Service vun A bis Z, engem kompetente Berodungsteam, an enger Equipe vu qualifizéierten Handwierker, déi jiddwer Projet mat Präzisioun ëmsetzen. De Kameinbauer bréngt säit 1992 Feier an d’Haus: individuell Kamäiner, Holz-, Pellet-, Gaz- an Elektroiewen, souwéi Grillsystemer an Installatiounen op Mooss. Mat Joerzéngten Erfarung am Beräich, bitt De Kameinbauer individuell Léisungen vun A bis Z: agebauten Kameiner, Pizzaiewen an Outdoor Kitchen. D’Team vun 12 spezialiséierte Mataarbechter deckt alles of: vun der Planung iwwert d’Installatioun bis zum Service après Vente. A well kee Baucongé komplett ass ouni e gudde Barbecue: No der Visitt gëtt vis-à-vis op der Terrasse vum Elephant Rouge gegrillt! ???
 
 

Toutes les dates

  • 2025-08-21 08:20
Mir schaffenJong HandwierkHand an Hand

Adresse

2, circuit de la Foire Internationale
Luxembourg-Kirchberg
Adresse postale:
BP 1604
L-1016 Luxembourg

Follow us

 

Login