Start
07/05/2026 18:00
End
07/05/2026 21:00
Address
Landewyck Tobacco SA, 5 Op Rued, Erpeldange-sur-Sûre
Wann Dir de blockéierten Inhalt luet, ginn Är Privatsphär-Astellungen ugepasst. Inhalter vun dësem Service ginn an Zukunft net méi blockéiert. Dir hutt d'Recht Är Entscheedung zu all Moment zréckzezéien oder ze änneren.
Fir méi doriwwer rauszefannen, besicht eis Dateschutzerklärung, Impressum a Cookie-Astellungen
Informatiounen
Den 07/05/2026 organiséiere mir eng spannend Visitt vun de moderne Produktiounshale vun Heintz van Landewyck um Fridhaff am Norde vu Lëtzebuerg.
Déi 2019 gebaut Anlagen zielen zu de modernste Produktiounsstanduerter vun der Firma. Am Kader vun der Féierung kréie mir exklusiv Ablécker an d’Hierstellung vun de lëtzebuergeschen Zigarettemarken a léieren déi eenzel Produktiounsschrëtt – vun der Veraarbechtung vun de Matière-Premièrë bis zum fäerdege Produit – am Detail kennen. Ausserdeem gi eis déi technesch Oflaf, Qualitéitsstandarden an d’Organisatioun vun engem international tätege Betrib erkläert. Dës Visitt bitt eng flott Geleeënheet, modern Industrieproduktioun aus noer Distanz ze erliewen an e méi déif Abléck an eng traditiounsräich lëtzebuergesch Entreprise ze kréien. ? Treffpunkt: 07/05/2026 um 18:00 Auer ZANO Fridhaff, 5 op Rued, L-9148 Erpeldange-sur-Sûre.